Erfahrungen unserer Kunden und Kundinnen
Wird das Numulis Material seinen angestrebten Zielen gerecht?
Werden Kinder beim Autonomen Lesen ausreichend motiviert und unterstützt?
-
Rezension L.F. - Medienpädagogin der EWB
Bicher musse fir jiddereen zougänglech sinn. Dat hunn sech dräi Damme vun NUMULIS zu Häerz geholl. Hier Geschicht iwwert d'Schlaang Snake gëtt et a 56 Variatiounen mat der Auswiel tëschent dräi Sproochen a véier Liesniveauen. Déi grouss Besonneschkeet: Souguer d'Schrëftformat ass wielbar. Vun Opendyslexik, iwwer Silbeneinfärbung bis zu der Markéierunge vun de "Sons muets" am Franséischen ass alles dobäi fir d'Liesen ze vereinfachen. Am Ufank erliichtere Silbenübungen a léif Illustratiounen, déi d'Haaptvokabele verdäitlechen, d'Entrée an d'Geschicht. Och wann d'Story simpel strukturéiert ass, kann dëst Buch mat sengen Hëllefen een éischt Erfollegserliefnis am Liese bedeiten an esou déi éischt Spross op der Leeder vun der Freed um Liese sinn.
-
M.C. - Lehrerin
D' Spill mam Froschteich kënnt a menger Klass immens gutt un. Ech hunn eng schwaach Klass a vill Kanner mat Liesproblemer. Si liesen domat awer mat vill Freed a maache begeeschter mat. Merci fir Är Kreativitéit, Méi an Aarbecht. D'Spill ass all Euro wäert.
-
R.S. - Mutter
D´Materialie vun Numulis sinn immens uspriechend.
D‘Méiglechkeet déi ënnerschiddlech Materialie mat verschiddene Schwieregkeetsstufen respektiv Schrëftaarten ze bestellen ass immens flott. Mäi Jong war begeeschtert
vun der éischter Geschicht vum Snake a wollt direkt wësse wéi et
weidergeet. Ech fannen et perséinlech och positiv, dass ee verschidde Bicher an och Spiller kann eroflueden. Esou huet een d‘Material direkt disponibel. E grousse Luef un d‘Equipe vun Numulis. -
C.M. - Lehrerin
Ech hunn iech dëst Joer op de Walfer Bicherdeeg kennegeléiert a war direkt begeeschtert vum Konzept. E flott Liesspill z'entwerfe wat op de Lëtzebuerger Programm passt a mat deem ee méi schwaach mee och staark Kanner ka motivéiert an ënnerstëtze fannen ech super. Et ass gutt duerchduecht a gesäit flott aus. An dass alles am Atelier protégé gedréckt gëtt, ass nach e weidere Plus! Äert Engagement ass top! Maart weider esou!
Entdecke das NUMULIS Material
-
Gestalte dein Lesebuch mit den passenden Lesespielen
Zu den Lesebüchern -
Spielend Lesen
Zu den Lesespielen -
Weiteres pädagogische Zusatzmaterial
Zum Material