Ziler

Kanner beim autonome Liesen a Léieren z'ënnerstëtzen
Numulis huet sech d'Zil gesat, net nëmmen ausdruckbart, mee och beschaffbart Material fir Grondschoulklassen, Fërderteam (ESEB), Centres de compétences ... ze produzéieren, dat un d'Problemer vun de Schüler ugepasst ka ginn an esou och den Interesse vun eelere Kanner entsprécht.
 
Déi alldeeglech Aarbecht fir Enseignanten an Educateuren ze vereinfachen
Jiddereen, dee mat Kanner an der Schoul schafft a SchülerInne beim Liesen a Léiere wëll ënnerstëtzen, fënnt fäerdeg virbereet Material, dat awer nach un di eege Klass ugepasst ka ginn. Dëst erlaabt et, och a méisproochege Coursen ouni zousätzlech Virbereedung einfach ze differenzéieren an domat ALLE SchülerInne gerecht kënnen ze ginn.
 
Material speziell fir de Lëtzebuerger Schoulsystem auszeschaffen
Bei Numulis fënnt jidderee konkret Iddie fir säin Unterrecht - thematesch an inhaltlech passend op d' Kompetenze vum Lëtzebuerger Bildungsplang a baséiert op den Inhalter/Theme vun den offizielle Léierbicher.
 
Berécksiichtegt d' Méisproochegkeet, déi zu Lëtzebuerg virherrscht. 
Dofir sinn eis Liesbicher op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch verfügbar. Si sinn  och gutt gëeegent fir eng däitsch oder franséisch Alphabetiséierung. Mir proposéieren Iddien a gëeegent Material fir méisproocheg Lies- a Léieraktivitéiten, fir e sproochevergläichend Schaffen z'erméiglechen (wéi Lieszäiten, Statiounsaarbechten...).
 
Informatiounsmaterial fir Niewefächer produzéieren - besonnesch fir Schüler mat Lies- oder Léierschwieregkeeten.
E wichtegt Zil vun Numulis ass et fir Informatiounsmaterial unzebidden, dat och Kanner mat Léierschwieregkeeten an de Niewefächer benotze kënnen, zB Eveil aux Sciences, Lëtzebuergesch...Op déi Manéier kënnen och Kanner mat spezielle Besoine selbststänneg Informatioune sammelen. .
 
Material unzebidden dat an der Praxis ausprobéiert a getest gouf
D'Produite baséieren op bewäerte pedagogesche Konzepter, déi zu engem Gesamtkonzept zesummegewuess sinn. Jidderee vun eisem Material (Liesbicher, Spiller, Wuertkaarten, Memoryen...) baut een op dat anert op. Op dës Manéier kann d'Kand an e puer Problemberäicher mat deem selwechte Material schaffen, mat deem hien oder si vertraut ass.
 
Erliichtert d'Zesummenaarbecht mat den Elteren , besonnesch am Fall vu Léierschwieregkeeten
D'Material vun den Numis kann als Ergänzung fir d'Aarbecht am Klassesall benotzt ginn an et erméiglecht de Kanner esou doheem an an der Schoul mat deem selwechte Material an op déi selwecht Manéier ze léieren.
Jiddereen deen d'Kanner an hirem Léierprozess ënnerstëtze wëll, fënnt Iddie mat einfachen Erklärungen an Illustratioune vun de Spiller a Methode fir nozemaachen an auszeprobéieren.