Entstoe vun der Iddi
Mir genéissen et d'Welt zesumme mat eise SchülerInnen ze entdecken. Vill Kanner interesséieren sech fir Sproochen, d' Liewen an anere Länner, d'Liewe vun den Déieren, Experimenter oder Entdeckungen, wëllen nei Rezepter probéieren oder eppes flottes Bastelen. Déi meescht vun eise SchülerInne liese gär. E puer sinn och wierklech gutt doran. Heiansdo begéine mir awer SchülerInnen, déi immens gär liese wéilten awer net ëmmer e passende Buch fannen, dat se selbstänneg liese kënnen an dat si gläichzäiteg och vum Thema hier interesséiert.
Besonnesch opgefall ass eis d' Situatioun vun eelere SchülerInnen, déi hire Lies- a Schreifprozess net zur selwechter Zäit wéi déi aner Kanner an hirer Altersgrupp ofschléisse kënnen. Fir si gëtt et bal kee Material dat un hir Interessen an hiren Alter ugepasst ass, an och nach hir spezifesch Schwieregkeete berécksiichtegt.
D'Material, dat um Maart ze kréien ass, ass och net ëmmer einfach am Schoulalldag zu Lëtzebuerg ze benotzen, well vill Saache fir d'éischt mussen un de méisproochege Schoulsystem ugepasst ginn. An deene meeschte Fäll kreéiere mir d'Material selwer, fir dass et un déi spezifesch Schwieregkeete vun eise SchülerInnen ugepasst ass.
Enges Daags hu mir decidéiert eis Erfarungen a Material mat deenen ze deelen, déi Kanner mat Léierschwieregkeeten oder Behënnerungen an hirem Léierprozess ënnerstëtze wëllen. Mir hunn ugefaange selwer Bicher ze schreiwen a pedagogescht Material z'entwéckelen, déi de Schwieregkeete vun eise Schüler gerecht ginn.
Sou ass dunn d'Iddi an d'Konzept vun den Numis entstanen.
Wat d'Numis Lies- a Léierkonzept net ass oder net wëll sinn
"Mat den Numis de Schoulalldag meeschteren" ass keng Sammlung vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser iwwer spezifesch Schoulschwieregkeeten.
Mir stelle keng Diagnosen a betounen, datt d'Ursaache vu Léierstéierungen oder Léierschwieregkeeten ëmmer vun engem Spezialist musse gekläert ginn. Nëmmen e Spezialist kann eng Therapie ausschaffen, déi bei de Problem passt.
D'Material vun Numulis kann ouni Bedenke bei all Liesschwieregkeete benotzt ginn, als Ergänzung zum vum Spezialist proposéierte Fërderprogramm.
Den Inhalt vun eise Bicher baséiert op eisem aktuelle Wëssensstand a behaapt net komplett an onfeelbar ze sinn.
Mir freeën eis op all konstruktive Feedback, deen eis erlaabt eis Produkter ze verbesseren an eist Wëssen auszebauen.