Team
D‘ Numulis-Team besteet aus Leit mat verschiddene professionellen Hannergrënn. Dofir sinn eis Erfarungen am Beräich vun de Léierschwieregkeeten och ganz ënnerschiddlech.
D'Thema Léierstéierung a Léierbehënnerung ass fir eis ganz wichteg well mir ...
... selwer mat Lies- a Recheschwieregkeete gekämpft hunn.
...materlieft hunn, wéi dës Léierschwieregkeeten den Alldag an der Schoul an doheem méi schwéier maachen.
... als Kand erlieft hunn, wéi Leit mat kierperlecher a geeschteger Behënnerung mat vill Courage hiren Alldag meeschteren, och wann et net ëmmer einfach war.
... passionéiert Enseignanten an der Lëtzebuerger Grondschoul an am Fërderberäich sinn, an e Bäitrag leeschte wëllen, fir all Kanner ze hëllefen hir Léierschwieregkeeten ze iwwerwannen.
D'Erfarungen als Enseignanten an der Grondschoul an a Fërderteams, souwéi als Schülerin am Fach "Bachelor en Sciences de l'Education" erlaben eis, d'Schwieregkeeten an d'Léierbehënnerungen, déi eis Schüler begéinen, aus ganz verschiddene Perspektiven ze kucken.
Dofir sinn eis Iddien, Tipps, Aarbechtsvirschléi, wéi och dat pedagogescht Material a verschiddene Situatiounen an der Praxis ausprobéiert a getest:
- Eist Material an eis Inhalter sinn un den Alldag vun de Schüler ugepasst.
- Aus der Praxis fir d' Praxis - mir entwerfen Material dat openeen opbaut an direkt benotzt ka ginn, well et un deng eege Situatioun ugepasst ka ginn.
- Mir konnten e Konzept entwéckelen, dat souwuel an der Schoul wéi och doheem ka benotzt ginn.
- Mir kënnen dem Lëtzebuerger Schoulsystem Rechnung droen wann mir eist Material virbereeden.
Texter: Didlinger Jeanne, Nau Noémie a Peters Pia
Illustratiounen: Krämer Andreas, Nau Noémie
Textlayout an Textformat: Nau Noémie, Muller Jil a Peters Pia
Weblayout : Didlinger Jeanne, Krämer Jannik, Noémie Nau a Peters Pia
Pedagogesch Berodung: Muller Jil, Peters Nadine