Clientserfarungen

Erfëllt d'Numulis-Material seng virgesinn Ziler?
Sinn d'Kanner genuch motivéiert an ënnerstëtzt bei hiren Efforte fir autonom ze liesen?

  • Bewäertung vum LF - Medienpädagog beim EWB

    Bicher musse fir jiddereen zougänglech sinn. Dat hunn sech dräi Damme vun NUMULIS zu Häerz geholl. Hier Geschicht iwwert d'Schlaang Snake gëtt et a 56 Variatiounen mat der Auswiel tëschent dräi Sproochen a véier Liesniveauen. Déi grouss Besonneschkeet: Souguer d'Schrëftformat ass wielbar. Vun Opendyslexik, iwwer Silbeneinfärbung bis zu der Markéierunge vun de "Sons muets" am Franséischen ass alles dobäi fir d'Liesen ze vereinfachen. Am Ufank erliichtere Silbenübungen a léif Illustratiounen, déi d'Haaptvokabele verdäitlechen, d'Entrée an d'Geschicht. Och wann d'Story simpel strukturéiert ass, kann dëst Buch mat sengen Hëllefen een éischt Erfollegserliefnis am Liese bedeiten an esou déi éischt Spross op der Leeder vun der Freed um Liese sinn.

  • MC - Enseignant

    D' Spill mam Froschteich kënnt a menger Klass immens gutt un. Ech hunn eng schwaach Klass a vill Kanner mat Liesproblemer. Si liesen domat awer mat vill Freed a maache begeeschter mat. Merci fir Är Kreativitéit, Méi an Aarbecht. D'Spill ass all Euro wäert.

  • RS - Mamm

    D´Materialie vun Numulis sinn immens uspriechend.

    D‘Méiglechkeet déi ënnerschiddlech Materialie mat verschiddene Schwieregkeetsstufen respektiv Schrëftaarten ze bestellen ass immens flott. Mäi Jong war begeeschtert
    vun der éischter Geschicht vum Snake a wollt direkt wësse wéi et
    weidergeet. Ech fannen et perséinlech och positiv, dass ee verschidde Bicher an och Spiller kann eroflueden. Esou huet een d‘Material direkt disponibel. E grousse Luef un d‘Equipe vun Numulis.




  • CM - Léierin

    Ech hunn iech dëst Joer op de Walfer Bicherdeeg kennegeléiert a war direkt begeeschtert vum Konzept. E flott Liesspill z'entwerfe wat op de Lëtzebuerger Programm passt a mat deem ee méi schwaach mee och staark Kanner ka motivéiert an ënnerstëtze fannen ech super. Et ass gutt duerchduecht a gesäit flott aus. An dass alles am Atelier protégé gedréckt gëtt, ass nach e weidere Plus! Äert Engagement ass top! Maart weider esou! 





  • D'Welt vun de Mini-Numis

    Zesumme Biller kucken, lauschteren, Geschichten erzielen, matspillen – sou ginn déi éischt Schrëtt an d'„Land vun de Bicher“ gemaach.

    Bei d'Liesmaterial 
  • Vun der Silb zum Wuert

    Däi Kand entdeckt Silben a benotzt se fir seng éischt Quatschwierder ze bilden –
    mat Bewegung, Spill a vill Spaass.

    Bei d'Liesmaterial 
  • Vum Wuert zum Buch

    Elo gëtt et eescht – an et mécht gläichzäiteg richteg Spaass! Däi Kand liest säin éischt Buch! Erlief dëse Moment zesumme mat dengem Kand.

    Bei d'Liesmaterial 

Schreif eis däi Feedback a mir wäerten en hei publizéieren.