Fir verschidde Kanner ass d'Liese léieren e flott Abenteuer, fir anerer en ustrengende Wee voller Stolpersteng.
Genau hei kommen d'Lieszäiten vun NUMULIS an d'Spill: Si huelen all Kand do of, wou et ass – mat vill Häerz, Struktur a kreativen Iddien.
Wat mécht d'Lieszäite sou speziell?
Fir d'Kand
-
Liese soll Spaass maachen! Spilllerech Aufgaben, witzeg Personnagen ewéi de Snake & Co., a kreativ Aktivitéite maachen d'Liesen zu engem Abenteuer.
-
Selbstvertrauen stäerken: Di eenzel Schrëtt sinn esou opgebaut, datt all Kand Erfolleger erliewe kann – komplett ouni Drock.
-
Individuell amplaz vun Eenheetlechkeet: Egal ob mat klenge Silben, faarwege Wuertkaarten oder spannende Mini-Bicher - all Kand fënnt hei säi Wee an d'Welt vun de Buschtawen.
Fir Enseignanten, Fërderpersonal & Therapeuten:
- Didaktesch fundéiert: D'Lieszäite goufe vu Léierpersounen aus der Grondschoul an dem Fërderberäich entwéckelt – hu sech an der Praxis bewährt a leeën de Fokus op dat Wesentlecht.
- Differenzéierung ouni zousätzlech Ustrengung: Fäerdegt Material a verschiddene Niveauen, an 3 Sproochen (DE, FR, LU) a mat faarwege Silben vereinfachen d'Virbereedung däitlech.
-
Flexibel Uwendung: Fir Eenzel- oder Gruppenaarbecht, als Sproochfërderung, fir kleng Liesmomenter oder laangfristeg Liesënnerstëtzung.
Fir d'Elteren:
-
Zouverlässeg Struktur & kloer Uleedungen: Keng Onsécherheet méi beim Üben – all Eenheet ass kloer erkläert a séier virzebereeden.
-
Wäertvoll Zäit zesummen: Liese gëtt zu enger agreabeler Gewunnecht – zesummen, mat vill flotte Gespréicher a gemeinsamen Erfolleger.
-
Keen "Du muss méi liesen!" méi: Mat klenge Spiller, Beweegung a kreativen Aufgabe gëtt d'Liesen zu eppes, op dat sech Kanner (an Erwuessener!) freeën.
An dat Bescht?
Du kanns direkt ufänken. Egal ob s du all Moduler a Liesspiller als Deel vun engem ABO benotze wëlls oder mat enger eenzeger Lieszäit ufänke wëlls - Du fënns garantéiert dat Richtegt.
Virwëlzesch ginn?
Kuck dir déi verschidde Lieszäiten un, entdeck eis Helden Snake, Lapina, Skirli & Ursus – a fann eraus, wéi Lieseléieren einfach a lëschteg ka sinn.
Däin NUMULIS-Team